🇱🇺🐕🦺 Stronger communities. Safer streets.
A police dog kicked. Officers spat at and threatened with death.
According to Luxemburger Wort, the suspect had already been ordered to leave Luxembourg.
How can this happen?
Our police officers and their K9 partners deserve protection and respect.
💜 D’Sécherheet stäerken!
#Luxembourg #PublicSafety #Piraten
wort.lu/luxemburg/stadaland/…
1
78
💜 Women’s rights must move forward, never backward!
⚽ A footballer in Luxembourg refused to shake female fans’ hands for religious reasons.
Freedom of religion matters. So does gender equality.
I’ve submitted parliamentary questions to protect women’s rights in sport and society.
🇱🇺 No step backwards!
💜 #WomensRights #GenderEquality #Luxembourg #Piraten
@Piratepartei
🤖 Made with AI
1
51
👨👩👧👦 Millioune fir privat Crèchen, mee firwat net och Sue fir Elteren, déi selwer no hire Kanner kucken?
💜 Mir PIRATEN wëlle richteg Wahlfräiheet! D’Elteren entscheeden, net de Staat.
🇱🇺 Lëtzebuerg stäerken. Famillje stäerken.
#Kannerbetreiung #Lëtzebuerg
1
62
Delete their chats, monitor ours? 🇪🇺
The EU Commission keeps deleting its messages while pushing for more control online.
We Pirates say NO to chat surveillance and mandatory ID checks!
More transparency for those in power. More privacy for citizens. 🏴
Haut d’Alterskontroll. A muer den Ausweis fir seng Meenung ze soen?
Mat den neie Reegelen ass et eriwwer mam Prinzip, datt een op Social Media einfach säin Alter ugëtt. Den Zougang soll iwwer eng zertifizéiert Alterskontroll ofgeséchert ginn. Och bestoend Accounts sollen iwwerpréift ginn.
An do läit fir eis Piraten de Problem.
Déi europäesch Technik ass schonn esou opgebaut, datt en Altersnowäis ënner anerem iwwer Pass oder Carte d’identité ka generéiert ginn.
Mir warnen dofir virun enger Entwécklung, bei där aus enger Alterskontroll ëmmer méi eng Identitéitskontroll vum Internet gëtt.
Haut heescht et: „Mir wëllen nëmmen d’Kanner schützen.“
Mee wann d’Infrastruktur bis do ass, fir de Benotzer virum Zougang zu Social Media ze kontrolléieren, da stellt sech eng fundamental Fro:
Wëlle mir wierklech an eng Zukunft, an där een sech fir d’éischt digital legitiméiere muss, éier een op Facebook, Instagram oder soss enger Plattform seng Meenung soe kann?
Kannerschutz ass wichteg. Mee Kannerschutz däerf net als Argument benotzt ginn, fir Schrëtt fir Schrëtt eng Infrastruktur opzebauen, déi spéider eng vill méi breet Kontroll vun de Bierger erméiglecht.
Fir eis ass kloer:
🔒 Privatsphär muss och online gëllen.
🗣️ Meenungsfräiheet muss och anonym méiglech bleiwen.
🚫 Keng Ausweispflicht fir seng Meenung ze soen.
Stopp Zensur.
#Piraten #Lëtzebuerg #Meenungsfräiheet #Privatsphär #SocialMedia #StoppZensur
COMMUNIQUÉ:
Demokratie gehéiert de Bierger
D’Piratepartei wäert sech net un der sougenannter „Plattform fir Demokratie“ vu CSV, DP, LSAP an déi Gréng bedeelegen.
Fir eis ass d’Äntwert kloer: Nee.
Mir Piraten sti fir Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a Meenungsfräiheet. Mee fir Internetzensur, ëmmer méi Kontroll vun Online-Plattformen an d’Aschränkung vu fräie Meenunge sti mir net zur Verfügung.
Strofrelevant Inhalter, Menacen oder Opriff zu Gewalt musse verfollegt ginn. Dofir hu mir Gesetzer an e Rechtsstaat. Mee Demokratie bedeit och, Kritik an onbequem Meenungen auszehalen.
CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn och kee Monopol op Demokratie.
Zu Lëtzebuerg ginn et weider demokratesch Parteien, wéi d’Piraten, Fokus oder déi Lénk. Um Enn ass et de Bierger, dee bei de Walen decidéiert, wie säi Vertraue kritt.
An genee dee Wielerwëlle muss respektéiert ginn.
An de leschte Joren hunn déi traditionell Parteien souwuel an der Chamber wéi och an eenzele Gemenge gewielte Piraten-Mandatsträger an hir Reien opgeholl. Dës Mandater goufen awer mat Piratenstëmme gewonnen.
Wann esou Mandater duerno benotzt ginn, fir déi eege Muecht ze erhalen oder ze stäerken, ass et schwéier, sech gläichzäiteg als besonnesche Verdeedeger vum Wielerwëllen duerzestellen.
D’Bierger hunn Piraten gewielt, net CSV, LSAP oder déi Gréng.
Datt déi véier traditionell Parteien elo ëmmer méi enk zesummeréckelen, iwwerrascht eis net. D’Piraten ginn op ville Plaze méi staark.
Zu Péiteng hu mir 2023 18,74 % an 4 vun 19 Sëtz erreecht. 2017 waren et nach 9,18 %. Gläichzäiteg ass d’CSV do vu 41,26 % op 29,28 % gefall.
Och zu Réimech mat 14,65 %, zu Suessem mat 8,27 % an zu Käl/Téiteng mat 8,01 % weisen d’Piraten, datt vill Bierger eng aner Politik wëllen.
Grad do, wou mir méi staark ginn, erliewe mir ëmmer nees, wéi déi véier traditionell Parteie versichen, hir al Muechtstrukturen ze verdeedegen an d’Piraten politesch kleng ze halen.
Dobäi sinn et genee CSV, DP, LSAP an déi Gréng, déi sech zanter Joerzéngten an der Regierungsverantwortung ofwiesselen. Si hunn d’Gesetzer gestëmmt, d’Regierunge gestallt an droen domat eng grouss Verantwortung fir déi aktuell Situatioun am Land.
Wann d’Bierger onzefridde sinn, ass d’Äntwert net méi Kontroll vum Internet an och net e politesche Block vu véier Parteien.
D’Äntwert ass, de Wielerwëllen ze respektéieren.
Demokratie gehéiert net 4 Parteien.
Demokratie gehéiert de Bierger!
@Piratepartei
🚨👁️ Masseniwwerwaachung ass keng Zukunftsvisioun – si ass schonn hei.
Mat Staatstrojaner, Chatcontrol an der Vorratsdatespäicherung ginn eis Grondrechter ëmmer méi ausgehielegt. 📱💻
🤝 Et huet mech impressionéiert, wéi informéiert d'Jugendparlament iwwert d'Geforen vun der Masseniwwerwaachung ass an et freet mech, dass déi Jonk sech fir Privatsphär an digital Fräiheet asetzen. 🙌
#Luxembourg #Lëtzebuerg #Piraten #luxembourg #piraten #politics #Politik #Fairness #fair #politique #Groussregioun #Masseniwwerwaachung #Privatsphär #Dateschutz #DigitalRechter #ChatControl #Staatstrojaner #Vorratsdatespäicherung #jugendparlament
Wéinst der Immigratiounsaffär
D'Pirate wëllen, datt de Jean Asselborn an der Chamber befrot gëtt
rtl.lu/news/national/dpirate…
1
1
326
D'Regierung hëlleft mam VEFA-Opkaf just de Promoteuren, net de Leit!
Vill Projete si blockéiert well d'Präisser ze héich sinn. Amplaz datt d'Präisser falen, ënnerstëtzt de Staat se kënschtlech mat eise Steiergelder. Dat hëlleft kenger Famill, déi sëtzt ouni bezuelbar Wunneng!
⚠️ De Militärschlag vun den USA (an Israel) op den Iran huet eng nei, gewalteg Eskalatioun an der ganzer Regioun ausgeléist.
Et kann ee laang diskutéieren, ob d'Aktioun vun den USA „richteg oder falsch“ war. ❓👮
Zënter Joren goufen, an och erëm an de leschte Méint, massiv Demonstranten am Iran vum Regime ëmbruecht, an trotz internationale Sanktiounen huet de Regime hier Approche weidergefouert. Zënter Joren gëtt mam Regimm verhandelt, ouni Fortschrëtter.
#Luxembourg #Lëtzebuerg #Budget #Piraten #luxembourg #piraten #politics #Politik #Fairness #fair
#Iran #USA #MiddleEast #frieden #Diplomatie #peace
1
113
Der luxemburger Staat investierte zwischen 2015 und 2025 via Film Fund mehr als 384 Millionen Euro in den audiovisuellen Sektor. Das ist keine Randnotiz im Staatshaushalt. Das ist eine politische Grundsatzentscheidung von erheblicher Tragweite. Und dennoch bleibt die zentrale Frage unbeantwortet: Wer kontrolliert eigentlich, wohin dieses Geld tatsächlich fließt – und was davon nachhaltig zurückkommt?
Laut dem Luxemburger Wort vom 12. Februar 2026 („Die ‚Capitani‘-Macher kommen auf 58,8 Millionen Euro aus dem Film Fund“) wird unter Verweis auf eine parlamentarische Anfrage des Piraten-Abgeordneten Marc Goergen ein sensibles Kapitel in Sachen Film-Fund-Millionen aufgeschlagen. Die veröffentlichten Zahlen werfen erneut grundlegende Fragen zur Struktur, Transparenz und Kontrolle der staatlichen Filmförderung auf.
guykaiser.lu/der-film-fund-a…
mir si kloer géint #ChatControl
EU Parliament has a chance to stop ChatControl 1.0, which currently already allows mass scanning of private messages without court orders! #EU🇪🇺#ChatControl🕵️ #privacy👁️
Defend your privacy and digital rights! #StopChatControl
Contact your MEP's TODAY: fightchatcontrol.eu✍️
1
151
Mir schützen eis Baueren zu Lëtzebuerg! 🇱🇺
MERCOSUR bedeit méi Importer vu Liewensmëttel, déi net no deene selwechte Standarden produzéiert ginn wéi bei eis. Dat setzt eis landwirtschaftlech Betriber ënner massiven Drock, dréckt d’Präisser an ënnergräift regional Produktioun.
Eis Baueren hale sech u streng Reegelen bei Ëmwelt, Déiereschutz a Liewensmëttelsécherheet.
Si däerfen net géint Billigprodukter ausgespillt ginn, déi dëse Critèren net entspriechen!
Landwirtschaft ass méi wéi e Maart. Et geet ëm Versuergungssécherheet, Landschaft, Aarbechtsplazen an d’Zukunft vum ländleche Raum.
Dofir kloer a konsequent:
Mir Piraten schützen eis Baueren zu Lëtzebuerg.
Nee zu MERCOSUR!
#mercosur #luxembourg
28 Deeg Iwwerwaachung – och wann s de näischt gemaach hues.
De Gesetzentwurf zur automatescher Kennzeechen-Erkennung (ANPR) gesäit vir,
dass vun all Auto eng Foto gemaach gëtt –
Auto, Kennzeechen an d’Persounen am Gefier.
❗️Och ouni Treffer.
❗️Och ouni Verdacht.
❗️An dës Donnéeë kënne bis zu 28 Deeg gespäichert bleiwen.
Dat heescht konkret:
All Bierger gëtt dokumentéiert, just well hien sech beweegt.
Sécherheet heescht gezielt handelen.
Net jiddereen präventiv iwwerwaachen.
✔️ Späicheren nëmmen bei engem konkrete „Hit“
✔️ Direkt Läsche bei „No-Hit“
❌ Keng Datesammlung op Reserve
E Rechtsstaat däerf net jiddereen behandelen,
wéi wann en ënner Verdacht stéing.
👉 ANPR däerf kee Massen-Iwwerwaachungssystem ginn.
#28Deeg #Dateschutz #Grondrechter #ANPR #KengMasseniwwerwaachung #Privatsphär #Rechtsstaat
60
tageblatt.lu/headlines/pirat…
Setzt sich für mehr Bürgerbeteiligung ein: der Piraten-Abgeordnete Marc Goergen
Ein „Staatstrojaner“ für Luxemburg
Für Marc Goergen (Piraten) liegt in dem Gesetzesvorhaben ein „Paradigmenwechsel ins Negative“. Staatliches Hacking von Computer und Smartphone werde erlaubt. Solche Eingriffe in die Bürgerrechte seien bisher nur bei Terrorismus und staatsgefährdenden Straftaten erlaubt, nun werde der legale Rahmen und damit auch die reale Überwachung stark ausgedehnt.
68















